Gamer Things Podcast Por Patrick Junio Mike Winter Marc Hermes Eldoradio arte de portada

Gamer Things

Gamer Things

De: Patrick Junio Mike Winter Marc Hermes Eldoradio
Escúchala gratis

Acerca de esta escucha

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.Eldoradio Ciencia Ficción
Episodios
  • Episod 101 - DEATH STRANDING 2, REMATCH an DONKEY KONG
    Jul 2 2025
    Eis Gamer erfuerschen d'Welt vum Hideo Kojioma sengem neisten Titel Death Stranding 2 a schwätzen driwwer wat dann am beschten hëlleft an och NET hëlleft fir bëssen ze "escapen". E bësse Fussball am Style vu Rocket League hëlleft dann och vläit am Spill Rematch, wat de Petz sech natierlech als RL-Fan ganz gären ënnert d'Loup hëlt. Dann ass op der neier Nintendo Switch 2, Donkey Kong Direct presentéiert ginn, an - oha - do kann een sech nëmme freeën! Dat a villes méi, wéi gewinnt bei Gamer Things!
    Más Menos
    1 h y 10 m
  • Episod 100 - Summer Games Fest Saison ass do
    Jun 18 2025
    Mam Summer Games Fest huet, wat fréier als E3-Saison bekannt war, alles ugefaang. Soumat hunn eis dräi Gamer vill ze vill Theeme fir just an eng Episod ze stiechen. E puer hunn si sech awer erausgepickt a fir déi 100. Episod gëtt et och mol erëm eppes richteg Flottes ze gewannen.
    Más Menos
    1 h y 24 m
  • Episod 99 - Elden Ring, Battlefront & TLOU
    Jun 4 2025
    Nei Welten a bekannte Geschichten: An dëser Episod vu Gamer Things geet et richteg zur Saach! 🎮 Mir diskutéieren déi spannendsten Neiegkeeten aus der Gaming-Welt: • 🗡️ Elden Ring: Nightreign – Dëse Standalone-Titel am Elden Ring-Universum bréngt nei Gameplay-Elementer an en 3-Spiller Koop-Modus. • 🌌 Star Wars Battlefront 3 – Gerüchter iwwer eng méiglech Fortsetzung maachen d’Ronn, nodeems een Ex-Entwéckler Undeitung gemaach huet. EA fokusséiert sech an där Zäit op aner Franchisen, wat d’Zukunft vun Battlefront 3 onsécher mécht. • 🏰 Tower Dominion – Dëst roguelike Tower-Defense-Spill kombinéiert strategeschen Terrain-Design mat dynamesche Verdeedegungssystemer an dat mat 30 Helden an engem endlosen “Frontier Mode”. • 🍄 Saison 2 vun The Last of Us – D’Finale huet mat engem dramatesche Cliffhanger opgehalen. Dobäi ass d’Zukunft vun Ellie an Abby onsécher bliwwen. D’Serie gouf fir eng drëtt Saison verlängert, déi gëtt Enn 2026 oder Ufank 2027 erwaart. 🎧 Lauschter eran a bleif um neiste Stand vum Gaming-Universum – op Lëtzebuergesch!
    Más Menos
    1 h y 15 m
Todavía no hay opiniones